NEW Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT

Stellenbeschreibung:

Neuer Chef de projet technique (M/W/NB) - Service IT (m/w/d)

Kurzüberblick

  • Standort: Lëtzebuerg
  • Arbeitsmodell: 40 Stunden/Woche
  • Anstellungsart: CDI

Aufgaben

  • Pilotage vun techneschen IT-Projeten
  • Koordinatioun vu verschiddenen IT-Projeten (Analyse, Planifikatioun, Ëmsetzung an Evaluatioun)
  • Strukturéieren a verwalten vum Portfolio vun techneschen IT-Projeten (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Sécherheet, Applikatiounen)
  • Enk Zesummenaarbecht mat den verschiddenen techneschen Responsabelen bei der Planifikatioun, Suivi a Leedung vun de Projeten
  • Aféieren a weiderentwéckelen vu Methoden, Prozesser a Tools fir d’Projetsgestioun
  • Festleeën vun de Projetsdaten (Planning, Budgeten, Ressourcen, Risiken) an Erstellen vu reegelméissege Rapporten fir den IT-Management
  • Transversal Projeten a Vertriedung vum IT-Departement
  • Vertrieden vum IT-Service an interne Projeten mat IT-Komponent
  • Transversal Zesummenaarbecht mat aneren Servicer fir Bedierfnesser z’identifizéieren a nohalteg Léisungen ze entwéckelen
  • Technesch Expertise schonn an de Konzeptiounsphasen abréngen, fir Emsetzbarkeet, Architektur, Integratioun an Sécherheet ze sécheren
  • IT-Auswierkungen vu net-IT-Projeten analyséieren (Opwand, Käschten, Ofhängegkeeten a technesch Risiken)
  • Koordinatioun tëscht Fach-Equippen, transversale Projetscheffen an IT-Equipe
  • Sécherstellen datt d’Projeten mat IT-Standarden, Architektur a Roadmap iwwereneestëmmen
  • Projetkultur a kontinuéierlech Verbesserung
  • Matwierken un der Entwécklung vun enger gemeinsamer IT-Projetskultur an enger gemeinsamer Sprooch tëscht IT a Fachberäicher
  • Bedeelegung un der kontinuéierlecher Verbesserung vun de Leedungs-, Koordinatiouns- an Prioriséierungsprozesser vun de Projeten
  • Iwwerhuele, jee no Besoin, vun der Koordinatioun vu komplexen techneschen oder transversale Projeten

Anforderungen

  • Een Bachelor in Informatik, Informatiounssystemer oder engem änlechem Beräich
  • Minimum 5 Jahre Beruffserfarung in der Gestioun vun techneschen IT-Projeten, als Chargé de projet technique oder in enger transversaler IT-Koordinatiounsfunktioun
  • Gutt technescht Versteesdemech an d'Fäegkeet, operativ am IT-Team matzeschaffen (Infrastruktur, Systemer, Netzwierker, Applikatiounen, Sécherheet)
  • Fäegkeet den IT-Service ze vertrieden a funktionell Besoinen an technesch Impakter z’iwwersetzen
  • Exzellent Kommunikatiouns-, Koordinatiouns- a pedagogesch Kompetenzen
  • Strukturéiert, autonom a resultatorientéiert Aarbechtsweis
  • Staarken Teamgeescht
  • Fäegkeet a Motivatioun transversal ze schaffen an als Bindeglidd tëscht IT an anere Servicer ze wierken
  • Kenntnisser vu Programméierung (Python an/oder VBA)
  • Beherrschung vu Tools a Methodologien an der IT-Projetsgestioun (Agile, Scrum, PRINCE2, ITIL, PMP)
  • Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch op Niveau C1

Benefits

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil tätig. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    08 Mär 2026
  • Gehaltsspanne (KI-Schätzung):

    55000€ bis 75000€ p.a.
  • Standort:

    Ralingen

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!