Chef de groupe (m/w/d) - CDI 100 % - Haus 9 zu Miersch

Stellenbeschreibung:

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt een Educateur diplômé oder ein Educateur gradué als Chef de Groupe an fir seng Kannerwunngrupp "Maison9" zu Miersch

Ufank 01/01/2026

Är Aufgaben

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen
  • Leedung vun engem Wunngrupp mat Jugendlechen an engem Mataarbechterteam
  • Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn
  • Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Jugendlechen
  • Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mam all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner;
  • Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget
  • Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen

Äre Profil

  • Dir hutt en unerkannte Diplom als Educateur gradué odr Educateur diplômé mat der autorisation d'excercer oder eng Equivalenz
  • Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Leedungs- a Féierungskompetenzen
  • Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
  • Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen
  • Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen
  • Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
  • Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
  • Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Führerschäin (Klass B)

Mir bidden

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
  • Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
  • Reeglméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4-C6 laut Diplom)
  • Sympass Kaart

Schéckt aer Kandidature online op a lued folgend Dokumenter erop

  • Motivatiounsbréif
  • CV mat Foto
  • Kopie vum Diplom

Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

#J-18808-Ljbffr
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    04 Feb 2026
  • Standort:

    Trier
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!