Educateur diplômé (M/W/NB) – CISP Movida (Furen)

ARCUS asbl Ernzen

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir den CISP Movida zu Furen een Educateur diplomé (M/W/NB) mat 30-35 Stonnen/Woch am CDI


De Centre d’insertion socio-professionel (CISP) Movida riicht sech u Jugendlecher, déi sech aus ganz ënnerschiddlechen Grënn am reguläre Schoulsystem net zurechtfannen a bei der Erfëllung vun der Schoulpflicht op eng intensiv sozialpädagogesch Ënnerstëtzung ugewise sinn. An eiser Dagesstruktur begleets du Jugendlecher am Alter vun 12 - 16 Joer unhand vun handlungsorientéierter Projetsaarbecht, mam Bléck op eng traumapädagogesch Virgoensweis.


Deng Aufgaben:

  • Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

  • Ënnerstëtzen a Begleeden vu Jugendlecher op hirem Wee


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Eng respektvoll Haltung

  • Minimum 3 Joer Beruffserfahrung a pädagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlecher

  • Flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Beherrsche vu Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch

  • Fäegkeet a Bereetschaft zur Selbstreflexioun a Selbstregulatioun


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    13 Feb 2026
  • Standort:

    Ernzen
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!