Educateur diplômé (M/W/NB) - Internat Stad Lëtzebuerg

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d'Internat Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch


D'Internat Stad Lëtzebuerg ass en Internat fir Jongen am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. H ei ginn ronn 46 Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten.


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 25 Joer an hirem Alldag

  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

  • Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    13 Feb 2026
  • Standort:

    Geichlingen
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!