Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Rouspert–Mompech

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d'Maison Relais Rouspert–Mompech en  Educateur diplômé (M/W/NB) fir 20 Stonnen/Woch am CDI


Du schaffs aktiv mat dorun, ronn 300 Kanner ze motivéieren, hir Kompetenzen ze entwéckelen an hir natierlech Kuriositéit fir d’Welt ronderëm si weiderzentwéckelen. Eis Struktur bitt verschidde Bildungsraim (Medienraum, Theaterraum,...), déi vill Méiglechkeete fir d’Kanner ubidden, sech fräi a kreativ z’entfalen. Donieft verfüügt d’Struktur en Iessberäich, wou d’Kanner d’Gemeinschaftserfarung duerch d’Iessen zesummen erliewen, an e groussen Ausseberäich, wou d’Kanner d’Natur entdecke kënnen. Zesumme schafe mir e frëndlecht an inklusivt Léierëmfeld, wou all Kand sech wuel fillt an individuell gefërdert gëtt. Wann s du Loscht hues, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung! 


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1700 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    08 Apr 2026
  • Standort:

    Merzig

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!