Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Tandel

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d’Maison Relais Tandel :  Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 25 Stonnen/Woch


D'Maison Relais Tandel bitt Plaz fir 190 Kanner a läit an enger charmanter, ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzungen fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. An dëser Struktur fënnt een ënner anerem verschidde Funktiounsraim, eng pedagogesch Kichen, eng Bibliothéik an eng Turnhal. Bausse kënnen d'Kanner sech op enger flotter Spillplaz oder um Multisportsterrain auspoweren.


Deng Aufgaben:

  • Empfänken a Begleede vu Kanner aus dem Cycle 1-4

  • Matwierke bei edukative Projeten, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Ënnerstëtze vum Kand a senger individueller Entwécklung

  • Ofhale vu reegelméissegen a professionellen Austauscher mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éducateur diplômé

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    13 Feb 2026
  • Standort:

    Roth an der Our
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

Vollzeit Bautzen
21 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Bielefeld
18 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Bad Oeynhausen
18 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Bayern
19 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Stuttgart
18 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Bautzen
21 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Bielefeld
18 Feb 2026Development & IT
Vollzeit Aalen
19 Feb 2026Development & IT