Kach (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d’Maison Relais Capellen en Kach (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


An der Maison Relais zu Capelle leeë mir grousse Wäert op Teamgeescht a Qualitéit. Als neie Member vun eiser Kichenekipp bass du matresponsabel fir d'Zoubereedung vu frësche Moolzechten an hëllefs eis dobäi, den héije Standard vun eiser inklusiver an häerzlecher Struktur ze garantéiren.


Deng Aufgaben:

  • Enk  Zesummenaarbecht mam Chefkach fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen

  • Molzechte preparéieren a presentéieren

  • En Schaffen no den HACCP-Normen

  • Iesse fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren a garantéieren datt et zu kenge Kräizkontaminatiounen kënnt

  • D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren


Däi Profil:

  • Besetz vun engem a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • E fundéiert Wësse am Beräich equilibréiert  Ernärung fir kleng a grouss Kanner

  • Zäitmanagement a Gestioun vum Stock

  • Allergien an kulturell Restriktiounen eescht huelen

  • Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    13 Feb 2026
  • Standort:

    Bollendorf
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!