NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Stauséi (Harel)

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d'Crèche Stauséi zu Harel: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/ Woch


D’Crèche Stauséi bitt Plaz fir 56 Kanner a verfüügt iwwer 4 gutt equipéiert Raim mat altersspezifescher Ariichtung. Di 4 Grupperaim hunn e direkten Zougang zu der Terrasse, déi verschidde Spillofferen erméiglecht. De Bausseberäich souwéi e Bësch an der direkter Noperschaft bidden zousätzlech Méiglechkeeten zum Entdecken a Spillen.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

  • Du hues e Permis B


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille  an de Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    10 Apr 2026
  • Standort:

    Merzig

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
12 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Klettwitz
23 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit WorkFromHome
30 Mär 2026Development & IT
Vollzeit Berlin
03 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Stuttgart
04 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Berlin
03 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Monheim am Rhein
09 Apr 2026Development & IT
Vollzeit WorkFromHome
11 Apr 2026Development & IT