NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – CST Pino (Lamadelaine)

Stellenbeschreibung:

Mir siche en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 38 Stonnen/Woch fir den Centre socio-thérapeutique Pino zu Lamadelaine.

Am CST begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass et och a, fir et, iwwerfuerdere Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schaffe Bewosstsi fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.


Deng Aufgaben:

Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:

  • Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter

  • D'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleeden

  • Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

  • Dokumentatioun vu Prozessverleef

Däi Profil:

  • Du hues een unerkannten Diplom als éducateur diplômé

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du hues d'Fäegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

Wënschenswäertes

  • Du hues Erfarung am Beräicher vun der Kanner- a Jugendhëllef

  • Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapedagogik, Deeskalatioun Erlebnispedagogik, Konschtpedagogik asw. si vu Virdeel

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    07 Apr 2026
  • Standort:

    Neuerburg

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
12 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Munster
16 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Klettwitz
23 Mär 2026Development & IT
Vollzeit Berlin
03 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Stuttgart
04 Apr 2026Development & IT
Vollzeit
03 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Berlin
03 Apr 2026Development & IT
Vollzeit Monheim am Rhein
09 Apr 2026Development & IT