Mir siche fir den "Petit groupe Jaro" zu Dickweiler ( Kannerhaus Iechternach) en Educateur gradué (M/W/NB) als Assistant pédagogique am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch.
D‘Kannerhaus Iechternach steet fir eng psychopedagogesch Betreiung, déi iwwert di klassesch stationär Jugendhëllef geet. Professionalitéit an Entwécklung sënn zentral Punkten an der Aarbecht am Kannerhaus Iechternach. Zesumme mat enger multidisziplinären Equipe begleets a betreis du Kanner a Jugendlecher aus prekär Liewenssituatiounen an hir Hierkonftsmillieu. Am Petit Gruppe Jaro liewen de Moment 4 Kanner.
Deng Aufgaben:
Dir sidd responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an den Falldokumentatiounen
Dir begleed a berod d‘Equipen bei der Ëmsetzung vum pädagogeschen Konzept
Dir schafft am individuellen Setting mat Kanner an hierer Famill
Dir koordinéiert d‘Kooperatioun mat de Familljen an externe Servicer
Dir intervenéiert a Krisesituationen
Dir stitt an Kontakt mat den Elteren, dir organiséiert an begleet Visitten vun Elteren bei den Kanner
Däi Profil:
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir hutt minimum 5 Joer Beruffserfahrung
Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen
Dir sidd strukturéiert, organiséiert an kënnt gutt observéieren
Dir sidd kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung an Berodung vun Strategien bezüglechindividueller Hëllefsmoossnamen
Dir kënnt eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozessopstellen
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Veröffentlichungsdatum:
28 Jun 2026Gehaltsspanne (KI-Schätzung):
Standort:
BitburgEinsatzort:
LuxemburgTyp:
VollzeitArbeitsmodell:
Vor OrtKategorie:
Erfahrung:
SeniorArbeitsverhältnis:
Angestellt
Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!