D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen ze leeschten?
Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.
An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an Jugenlegechen, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.
Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi, e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Är Aufgaben
Matwierken un der Opnam, Evaluatioun a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen.
Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren.
De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.
Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren.
Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen.
Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen.
Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren.
Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen.
Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken.
An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren.
Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren.
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)
Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse
Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
Strukturéiert Qualitéitsmanagement
Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung
E professionellen a strukturéierte Kader
Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team
Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen
Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun
Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung
Eng Missioun mat Wierkung
Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen
Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen
E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil
Diplomer a fachlech Kompetenzen
Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom).
Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg.
Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie.
Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz).
Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.).
Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille.
Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil
Wertschätzend a professionell Haltung.
Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen.
Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen.
Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner.
Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn.
Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement.
Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen.
Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet.
Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis.
Zousätzlech Ufuerderungen
Führerschäin B
Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
CDI
Beschäftegungsgrad: 100 %
Remuneratioun laut CCT-SAS C5*
Attraktiv extralegal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Veröffentlichungsdatum:
26 Jul 2026Standort:
BitburgEinsatzort:
LëtzebuergTyp:
VollzeitArbeitsmodell:
Vor OrtKategorie:
Erfahrung:
2+ yearsArbeitsverhältnis:
Angestellt
Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!