NEW Educateur gradué (M/W/NB) – CST Pino (Lamadelaine)

Stellenbeschreibung:

Mir siche en Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 35 Stonnen/Woch fir den Centre socio-thérapeutique Pino zu Lamadelaine. Am CST begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass et och a, fir et, iwwerfuerdere Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schaffe Bewosstsi fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn. Deng Aufgaben: Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden: Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter D'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleeden Kooperatioun mat externe Partner a m at de Familljen Dokumentatioun vu Prozessverleef Däi Profil: Du hues een unerkannten Diplom als Educateur Gradué Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen Du hues d'Fäegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun Wënschenswäertes Du hues Erfarung am Beräicher vun der Kanner- a Jugendhëllef Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapedagogik, Deeskalatioun Erlebnispedagogik, Konschtpedagogik asw. si vu Virdeel Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Remote

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Dortmund
07 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Konstanz
10 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Arnstein
10 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
12 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Saarbrücken
19 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Karlsruhe
14 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Remote
20 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Hamburg
20 Aug 2026Development & IT