Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D) Families First - Bartreng - CDI - 40h (6626)

Stellenbeschreibung:

D' Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht eng Psycho-sozial Fachkraaft (M/F/D) – Referenz: 6621 fir säi Service Families First zu Bartreng, mat engem onbefriste Kontrakt (CDI) vu 40 Stonnen pro Woch. Den Ufank vum Kontrakt ass ab September 2026 virgesinn. Aufgabebereich: Mat Familljen (bei hinnen doheem) schaffen, déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen. De Famillje mat enger wäertschätzender, partizipativer a lösungsorientéierter Haltung begéinen an zesumme mat hinnen den Alldag organiséieren. Verschidde Methoden kombinéiere fir Krisen a Konflikter op eng konstruktiv Aart a Weis unzegoen. D'Elterekompetenze stäerken duerch Berodung, Uleedungen a praktesch Ënnerstëtzung. D'Elterekompetenzen an d'Wuelbefanne vun de Kanner evaluéieren. Rapporte verfassen. Gesichte Profil: Diplom um Niveau Bac3 an de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften (Sozialaarbechter, graduéierten Erzéier oder ähnlech). Zousätzlech Formatioun an der Kriseninterventioun, systemescher Aarbecht oder Familljetherapie ass erwënscht, mat Kenntnisser vun de verschiddenen Usätz. Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun. Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten, Oppenheet, Diplomatie an d'Fäegkeet, verschidde Standpunkter mateneen a Aklang ze bréngen. Ganz gutt Kenntnisser am Franséischen, Lëtzebuergeschen an Däitschen; all zousätzlech Sprooch ass e Virdeel. Gutt Fäegkeete beim Verfaasse vun analytesche Rapporten an Situatiounsevaluatiounen. Sécherheet beim Treffe vu begrënnten Entscheedungen a Krisesituatiounen. Flexibilitéit a Disponibilitéit. Führerschäin Klass B. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire verlaangt.
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Remote

    Einsatzort:

    Luxembourg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!