Psychologue (m/f/x) CDI 50 %

Stellenbeschreibung:

Psychologue (m/f/x) CDI 50 % CSTCDI C7 Date de publication: 09/08/2026 D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hire Famillje wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Är Expertise an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hire Famillje ze leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. An dëser Funktioun sidd Dir eng zentral Kontaktpersoun fir Kanner, Elteren, Educatiounsequippen a professionell Partner. Dir begleet Kanner mat emotionalen, psychosozialen a Verhalensschwieregkeeten, fërdert hir Ressourcen a stäerkt hir Entwécklung an drot domat aktiv zu hirem Wuelbefannen an zu hirer erfollegräicher Reintegratioun an de Schoulalldag bäi. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Psychologue (m/f/x) CDI 50 % Är Aufgab Dir sidd zoustänneg fir d’psychologesch Begleedung vu Kanner am Alter vu 4 bis 12 Joer, déi sech an enger Situatioun vu schoulescher Nout befannen an ausgepräägt Verhalensschwieregkeeten weisen. Dir analyséiert d’Situatioun vun de Kanner, definéiert passend Interventiounen a setzt e kloren therapeuteschen an edukative Kader. Dir féiert psychologesch Bilanen duerch a formuléiert fachlech Recommandatiounen. Dir bitt de Kanner e séchert a vertrauensvollt Ëmfeld, an deem si hir sozial-emotional Kompetenze kënne stäerken. Dir erstellt, begleet a reevaluéiert individuell therapeutesch Ziler a Fërderungspläng. Dir schafft aktiv un der Stäerkung vun de Ressourcen, der emotionaler Stabilitéit an der Selbstregulatioun vun de Kanner. Dir bedeelegt Iech un Opnam-, Evaluatiouns- an Orientéierungsprozesser a gitt fachlechen Input bei der Definitioun vu passenden Ënnerstëtzungsmoossnamen. Dir dokumentéiert Är Interventiounen a suergt fir eng korrekt an aktuell Gestioun vun den Dossieren an den Datebanken. Dir evaluéiert reegelméisseg d’Effikassitéit vun den agefouerte Moossnamen a passt dës un d’Besoine vun de Kanner un. Dir beréit an ënnerstëtzt Elteren a Fachpersonal am Ëmgang mat sozial-emotionalen a Verhalensschwieregkeeten. Dir drot aktiv dozou bäi, d’Haaptzil vum Centre socio-thérapeutique z’erreechen: d’Stabiliséierung vum Kand an eng erfollegräich Reintegratioun an de reguläre Schoulalldag. Wat eis ënnerscheet Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ) Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung Eng Missioun mat Wierkung Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen Dir sidd am Besëtz vun engem Master an der Psychologie a verfüügt iwwer eng Autorisatioun fir de Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben, oder Dir hutt en Diplom, deen zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt ass. Dir hutt eng Beruffserfarung vun 3 bis 5 Joer am soziale Secteur. Erfarung an der Begleedung vu Familljen a schwierege Situatiounen oder am edukative Beräich ass e Virdeel. Dir kennt dat psychosoziaalt a soziaalt Ëmfeld zu Lëtzebuerg souwéi déi relevant Ënnerstëtzungs- a Hëllefsstrukturen. Dir sidd mat de relevante gesetzlechen a ministerielle Grondlagen vertraut a kënnt zu hirer praktescher Ëmsetzung bäidroen. Dir hutt gutt Kenntnisser iwwer déi sozial, edukativ a psychologesch Erausfuerderungen, déi am Kontext vun der Begleedung vu Kanner a Familljen optrieden. Perséinlech Kompetenzen Dir schafft selbststänneg, strukturéiert a verantwortungsbewosst. Dir sidd empathesch a kënnt vertrauensvoll Bezéiunge mat Kanner, Elteren a Fachleit opbauen. Dir hutt eng héich sozial Kompetenz a schafft gär am multidisziplinären Team. Dir weist Initiativ, Flexibilitéit an Engagement an usprochsvolle Situatiounen. Dir kënnt komplex Situatiounen analyséieren an adequat Léisungsweeër ausschaffen. Dir sidd kommunikatiounsstaark a kënnt professionell mat verschiddenen Acteuren aus dem schouleschen, sozialen a therapeutesche Beräich zesummeschaffen Zousätzlech Ufuerderungen Führerschäin B Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel Konditiounen CDI Beschäftegungsgrad: 50% R emuneratioun laut CCT-SAS C7 Attraktiv extralegal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert? Da freeë mir eis op Är Kandidatur! Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'exercer Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Remote

    Einsatzort:

    Lëtzebuerg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Dortmund
07 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Konstanz
10 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Arnstein
10 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
12 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Saarbrücken
19 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Karlsruhe
14 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Remote
20 Aug 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Hamburg
20 Aug 2026Development & IT