NEW Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir den Centre Formida een  Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch.

De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen! Weider Infoe fënns du ënner formida.lu

Deng Aufgaben:

  • Du bass responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an Entwécklungspläng (Opnam, Orientéierung, individuell Begleedung) vun de Jugendlechen

  • Du begleets a beréits d‘Equipe bei der Orientéierung vun de Jugendlechen am Kader vun hirem individuellen Entwécklungsplang

  • Du koordinéiers d’Kooperatioun mat de Familljen, externe Servicer a Lycéeën

 Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom a verfüügs iwwert Zousazqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn

  • Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch schwätzen

  • Du kenns den Aarbechtskader vum “Aide à l’enfance et à la famille” Gesetz, souwéi d’Rahmebedingunge vum lëtzebuergesche schouleschen a sozioprofessionelle Kontext

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren

  • Du bass kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung a Berodung vu Strategie bezüglech individueller Hëllefsmoossnamen

  • Du kanns eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozess opstellen

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance et à la famille  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    10 Apr 2026
  • Standort:

    Rodershausen

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche:

partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Bremen
04 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Hannover
09 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Heilbronn
11 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
12 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Karlsruhe
17 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Walldorf
20 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Klettwitz
23 Mär 2026Development & IT
partner ad:Stepstone partner
Vollzeit Berlin
13 Apr 2026Development & IT