Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir eise Service „Familljenhaus“, baséiert zu Izeg : Agent administratif (M/W/NB) am CDD (Remplacement Congé maternité/parental) mat 25-32 Stonnen/Woch Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer: Aide familiale, Assistance familiale, Placement familial, Berodungsdéngscht a Quai57 (Suchtberodung). Deng Aufgaben: Du bass zoustänneg fir d’Gestioun vun den Uriff, Mailen a Courrier Du mëss den administrative Suivi (Encodage, Dokumenter, etc.) a Verbindung mat de Prestatiounen Du bass zoustänneg fir d’Aarbechtsplanifikatioun vum Service Aide familiale Du këmmers dech ëm déi deeglech administrativ Aarbecht vum Service Du assuréiers d’telefonesch Ruffbereetschaft (“astreinte téléphonique”) ee Weekend pro Mount Däi Profil: Du hues een Diplom (minimum DAP) am Beräich Administratioun, Sekretariat oder änlech Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung an engem administrative Posten Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet Du hues ee gudde Kontakt mam Client Du hues gutt Kenntnisser am MS Office (Word, Excel, Outlook, etc.) Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen, Portugisesch ass vu Virdeel Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Trier

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!

Diese Jobs passen zu Deiner Suche: