CDI 50 - 100% (m/w/d) Fir eis verschidde Strukturen am Land Miersch - Gralingen - Alzeng Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur ! Är Aufgaben: Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten) Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen Dir hutt de Führerschäin (B) Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom) Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
NOTE / HINWEIS:
EN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung
Stelleninformationen
Veröffentlichungsdatum:
18 Aug 2026
Standort:
Remote
Einsatzort:
Lëtzebuerg
Typ:
Vollzeit
Arbeitsmodell:
Vor Ort
Kategorie:
Erfahrung:
2+ years
Arbeitsverhältnis:
Angestellt
KI Suchagent
Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!