Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wungrupp Haus 5 zu Miersch - CDI - 80%

Stellenbeschreibung:

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp d'Haus 5 zu Miersch: engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur ! Är Aufgaben: Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen Führerschäin (B) Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef. Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom) Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Remote

    Einsatzort:

    Lëtzebuerg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!