NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Buerschent

Stellenbeschreibung:

Mir siche fir d'Maison Relais Buerschent : Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/ Woch D’Maison Relais zu Buerschent bitt e moderne Kader an eng inspiréierend Aarbechtsplaz. Fir all Altersgrupp ginn et funktionell a spilleresch Raimlechkeeten fir bis zu 200 Kanner – vun Ateliere bis bei d’pedagogesch Kichen. An engem rouege naturnoem Duerf, ass Buerschent ideal fir Fachleit, déi mat Häerz a Leidenschaft mat Kanner schaffen. Deng Aufgaben: Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4 Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren Däi Profil: Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schreiwen a schwätzen Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto Wat dech erwaart: Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis: arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
NOTE / HINWEIS:
EnglishEN: Please refer to Fuchsjobs for the source of your application
DeutschDE: Bitte erwähne Fuchsjobs, als Quelle Deiner Bewerbung

Stelleninformationen

  • Veröffentlichungsdatum:

    18 Aug 2026
  • Standort:

    Remote

    Einsatzort:

    Luxemburg
  • Typ:

    Vollzeit
  • Arbeitsmodell:

    Vor Ort
  • Kategorie:

  • Erfahrung:

    2+ years
  • Arbeitsverhältnis:

    Angestellt

KI Suchagent

AI job search

Möchtest über ähnliche Jobs informiert werden? Dann beauftrage jetzt den Fuchsjobs KI Suchagenten!